ENDSTATIOUN AN DER COUPE DE LUXEMBOURG
3rd September 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

Fir eis éischt Ekipp war den éischten Optrëtt an der Coupe de Luxembourg dës Saison gläichzäiteg dee Leschten.
Géngt Lëntgen gouf et am Stade Albert Kongs eng 0:2-Heemnidderlag, déi opgrond vun enger staarker éischter Halschend vun de Visiteuren alles an Allem an d’Rei geet.
Lëntgen war no 18 Minutten duerch de Yann N’Guessan a Féirung gaang an konnt de knappe Virsprong verdéngt matt an d’Paus huelen.
Nom Säitewiessel war d’Lokalekipp dunn besser am Match, ouni sech awer kloer Golchancen erauszespillen. Déi bescht Geléenheet konnt de Yannick Goncalves (82.‘) leider net notzen.
An enger hektëscher Schlussphas krut op Izeger Säit den Ado Skenderovic (90+2.‘) déi giel-rout Kaart gewisen, ier den Denny Ottelé matt engem Schoss vun der Mëttellinn an den eidele Gol (90+4.‘) alles kloer gemaach huet.
Nächste Mëttwoch, den 09.September geet et weider mam drëtte Spilldag vum Championnat, wann déi Blo-Wäiss bei der Union Mertert-Waasserbëlleg op Besuch sinn. Ustouss um Stade de la Sûre zu Waasserbëlleg ass ëm 20 Auer.
