WICHTEG ÉISCHT VICTOIRE
21st October 2024
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ
Um 9.Spilldag konnt eis éischt Ekipp sech onerwaart däitlech matt 4:0 (2:0) bei der Union Käl-Téiteng duerchsetzen an domatt hir éischt Victoire am Championnat feieren.
Virun der Paus haten Yannick Goncalves (28.‘) an Filipe Almeida (33.‘) déi Blo-Wäiss op d‘Gewënnerstrooss bruet. Nom Säitewiessel hunn Sabin Yagremongo (69.’) an Isaac Lissajoux (88.‘) den Deckel dropgemaach.
Am Klassement bleiwen eis Jongen zwar op der leschter Tabelleplaatz, mee den Uschloss un d’Konkurrenten ass elo mol hirgestallt.
EKIPP FC IZEG: D.Goncalves, Almeida, Skenderovic, Akab, Galli, Marques, Perrey (78.‘ Duarte), Ikwa (67.‘ Lissajoux), Fernandes (78.‘ Jacinto), Y.Goncalves (67.‘ Dos Reis), Yagremongo
Nächste Sondeg, de 27.Oktober geet et weider mam 10. Spilldag, wou en Heemmatch géngt Bäerdrëf-Konsdrëf op déi Blo-Wäiss waart. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16 Auer.