GLÄICHSPILL ZU JONGLËNSTER

16th September 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Um fënnefte Spilldag vum Championnat konnt eis éischt Ekipp hire Punktekont endlech opmaachen.

Zu Jonglënster gouf et um Enn en 1:1-Gläichspill, nodeem d’Lokalekipp matt engem 1:0-Virsprong an d’Paus gaang war. De Yohann Godard hat den FC Jeunesse an der 23.Minutt per Kappball a Féirung bruet.

Kuerz nom Säitewiessel hat Jonglënster déi grouss Chance, op 2:0 ze erhéijen, allerdengs konnt de Landri Ludwig net vun engem Elefmeter (50.‘) profitéieren. Op der Géigesäit hunn déi Blo-Wäiss duerch de Sabin Yagremongo ausgeglach (67.‘) an haten an der Schlussphas souguer nach zwee Mol d’Méiglechkeet, de Match fir sech ze entscheeden (88.‘ an 90+1.‘).

EKIPP FC IZEG: D.Goncalves, Almeida, Simoes, Akab, Skenderovic, Marques (46.‘ Perrey), Faber, Dos Reis (46.‘ Jacinto), Schroeder (46.‘ Fernandes), Lissajoux (77.‘ Ikwa), Yagremongo

Nächste Sondeg, den 22.September geet et weider mam 6.Spilldag vum Championnat, wou Märel zu Izeg op Besuch ass. Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 16 Auer.