WAARDEN OP DI ÉISCHT PUNKTEN

12th September 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Eis éischt Ekipp waart och no véier Spilldeeg weider op déi éischt Punkten. Den Heemmatch géngt Schengen gouf matt 1:3 verluer, nodeem déi Blo-Wäiss matt enger 1:0-Féirung an d’Paus gaang waren.

D’Lokalekipp war optimal gestart – schonn no fënnef Minutten huet den Ericson Santos per Elefmeter den 1:0 markéiert. Direkt nom Säitewiessel konnten d‘Visiteuren ausgläichen (46.‘) an no zwee weidere Goler an der 78.‘ an 90+5.‘ um Enn dräi Punkte matt heem huelen.

EKIPP FC IZEG: D.Goncalves, Simoes, Akab, Skenderovic, Marques (82.‘ Faber), Ikwa, Santos (61.‘ Fernandes), Dos Reis, Schroeder (72.‘ Y.Goncalves), Lissajoux, Yagremongo

Nächste Sondeg, de 15.September geet et weider mam fënnefte Spilldag, wou en Auswäertsmatch zu Jonglënster um Programm steet. Ustouss um „Terrain Op Fréinen“ ass ëm 16 Auer.