KEE PUNKT BEIM ANGSCHTGÉIGNER

2nd September 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum AdSt

image

Eis éischt Ekipp waart och nom drëtte Spilldag vum Championnat weider op en Erfollegserliefnes. Zu Menster gouf et eng 1:2 (0:1)-Nidderlag, domatt konnten déi Blo-Wäiss hir 9 lescht Matcher géngt den FC Syra net méi gewannen.

D’Lokalekipp war no enger knapper halwer Stonn a Féirung gaang an huet hire Virsprong kuerz no der Paus (52.‘) ausgebaut. An der 65.‘ huet den agewiesselten Sabin Yagremongo per Elefmeter fir d’Visiteuren verkierzt - fir den éischte Punkt am Stade Op Biirk zënter dem 26. November 2017 sollt et um Enn awer net méi duergoen.

EKIPP FC IZEG: Goncalves, Almeida, Simoes, Akab (46.‘ Yagremongo), Skenderovic, Perrey, Santos (46.‘ Nunez), Dos Reis (63.‘ Jacinto), Schroeder, Lissajoux, Fernandes (63.‘ Ikwa)

Nächste Samschdeg, 7.September geet et weider mam éischten Tour an der Coupe de Luxembourg, wou déi Blo-Wäiss beim FC Bruch op Besuch sinn. Ustouss um Stade Feidt Frères ass ëm 18 Auer.