FATAL SECHS MINUTTEN

26th August 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Eis éischt Ekipp waart no zwee Spilldeeg weider op déi éischt Punkten. Den Heemmatch géngt Iechternach gouf matt 1:3 verluer, nodeem déi Blo-Wäiss matt enger 1:0-Féirung an d’Paus gaang waren.

D’Lokalekipp war optimal gestart – schonn no sechs Minutten huet den Ericson Santos per Elefmeter den 1:0 markéiert. Nom Säitewiessel sinn och de Visiteuren sechs Minutten duergaang, fir de Match zu hire Gonschten ze entscheeden. Duerch Goler an der 47.‘, 49.‘ an 53.‘ konnt den Daring um Enn eng verdéngte Victoire feieren.

EKIPP FC IZEG: Goncalves, Almeida (63.‘ Yagremongo), Simoes, Akab, Skenderovic, Ikwa, Santos, Dos Reis (87.‘ Jacinto), Schroeder, Lissajoux, Fernandes

Nächste Sondeg, den 01.September geet et weider mam drëtte Spilldag, wou en Auswäertsmatch zu Menster um Programm steet. Ustouss um Stade Op Biirk ass ëm 16 Auer.