COUPE – AUSLOUSUNG

12th August 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Um Siège vun der FLF zu Monnerech goufen haut déi éischt Matcher vun den eenzelnen Coupen ausgeloust.

Am Tour préliminaire vun der Coupe de Luxembourg ass eis éischt Ekipp spillfräi. Am éischten Haapttour trieden déi Blo-Wäiss de Weekend vum 08.September beim FC Brouch (3.Divisioun) un.

Am Tour préliminaire vun der Coupe FLF ass d‘éischt Ekipp spillfräi, dat selwecht gëlt fir eis zweet Ekipp an der Coupe vun de Senior Reserven.

Eng Auswäertsaufgab waart am Tour préliminaire vun der Coupe des Dames op eis Meedercher. Mëttwochs, den 18.September steet den Nopëschduell bei der US Sandweiler (Ligue 3) um Programm.