SENIORS 1 - PREPARATIOUN 2024/25

26th June 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

An enger Woch ass et souwäit! E Mëttwoch, den 03.Juli start eis éischt Ekipp an d'Preparatioun op déi nei Saison an der 1.Divisioun. Am Kader vun der Virbereedung spillen déi Blo-Wäiss fënnef Testmatcher.

Lass geet et den 13.Juli zu Housen, ofschléissend trieden d'Spiller vum Trainer Marc Birsens den 10.August doheem géngt Feelen un, ier aacht Deeg méi spéit den éischte Spilldag vum Championnat 2024/25 um Programm steet.

Preparatiounsmatcher am Iwwerbléck:

Samschdeg, 13.Juli: Housen - IZEG (17h00)
Samschdeg, 20.Juli: Weiler - IZEG (16h30)
Samschdeg, 27.Juli: Schengen - IZEG (16h00)
Samschdeg, 03.August: Useldeng - IZEG (18h00)
Samschdeg, 10.August: IZEG - Feelen (18h00)