STAARK LEESCHTUNG


20 March 2024

An der Aachtelsfinall vun der Coupe FLF konnt eis éischt Ekipp sech beim FC Atert Biissen, dem souveränen Tabelleleader am éischte Bezirk vun der éischter Divisioun, matt 2:0 (1:0) duerchsetzen.
 
De Zidane dos Reis hat d’Visiteuren an der Nospillzäit vun der éischter Halschend a Féirung bruet. Nom Säitewiessel haten eis Jongen di eng oder aner brenzleg Situatioun ze iwerstoen, ier den agewiesselten Sabin Yagremongo an der 88.Minutt den Deckel drop gemaach an d’Partie entscheed huet.
 
Den nächste Géigner steet och scho fest: an der Véirelsfinall mussen déi Blo-Wäiss mëttwochs, den 3.Abrëll zu Jonglënster untrieden.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Skenderovic, Almeida, Jacinto, Bousseau, Perrey (84.' Milla), Dos Reis (68.' Marques), Myre, Louadj, Fernandes, Rischard (51.' Yagremongo)
 
Nächste Sondeg, de 24.Mäerz steet de Championnatsmatch vum 21.Spilldag zu Kielen um Programm. Ustouss um Stade Albert Berchem ass ausnahmsweis eréischt ëm 17.15 Auer.